logo

Projeten

IPAD

D'Installatioun vum Material ass am gaangen. An e puer Wochen si mir startbereed.

Mat der Ennerstëtzung vum SCRIPT schaffen mir drun fir d'Medienerzéihung an eis Schoul ze intégréieren.

PRS-Pojet: Bauerenhaff

Mir hunn am Schouljoer 2015/2016 am Kader vum PRS mat engem Schoulprojet um Bio-Haff Witry gestart, dee lo fir 2016/2017 an d'verlängerung geet.

All Klass vum Précoce bis de Cycle 4.2 geet ofwiesselnd méindes moies op den Haff. D’Klassen hëllefe bei den Aarbechten, wéi Kéi sträichen, Kaalwer fidderen, Kéi fidderen an entdecken den Haff während de véier Joereszäiten.

All Besuch um Haff steet ënnert engem aneren Thema an d'Kanner léiere spannend Saachen. 2015/2016 stunge folgend Themen um Programm: am 1. Trimester de Wee vun der Mëllech zum Botter, am 2. Trimester d'Thema vum Kar zum Müsli an am 3. Trimester méi genau d'Aarbechten op der Weed an op de Felder a Frëschkéis maachen.

Fir dass ëmmer all Klass, all Kanner wësse wat um Haff geschitt ass, schreiwe mir reegelméisseg Noriichten iwwert den Haff a ginn dann en Haffblat eraus.

Um Haff spille d'Kanner Haff-Reporter a maache selwer Fotoen. Duerno schreiwen d'Kanner Texter um Computer. D’Kanner aus dem C1 an C2.1 mole Biller fir d'Haffblat.

D'Kanner léiere wéi een en Text um Computer schreiwe kann, wéi ee Fotoen asetze kann, Iwwerschrëfte faarweg maache kann an nach ganz vill aner Saachen.


 

Haffblat Nummer 1

Haffblat Nummer 1 (Dezember 2015)

Fir d'Haffblat ze liesen einfach riets wielen op Dir et direkt am Vollbildmodus liese wëllt oder roflueden wëllt.

Vill Spaasssmiley

Haffblat 2

Haffblat Nummer 2 (März 2016)

Fir d'Haffblat Nummer 2 ze liesen riets klicken a wielen op Dir et direkt liese wëllt oder rofluede wëllt,

Vill Spaass beim Liesen smiley

Haffblat Nummer 3 (Juli 2016)

Haffblat Nummer 3 (Juli 2016)

Fir d'Haffblat Nummer 3 ze liesen riets klicken a wielen op Dir et direkt liese wëllt oder rofluede wëllt,

Vill Spaass beim Liesensmiley

An eng schéi Summervakanz

Dat nächst Haffblat ass fir Dezember 2016 geplangt.

You chose not to trust cookies on this website, which means that some features may not be available or operational. If you'd like to enable cookies for this site, then go to the Cookie Policy tab in the lower left corner of the screen and press the yellow "accept cookies" button. Thank you.
©2019 Ecole fondamentale de Garnich • Terms of usePrivacy policyContact
Diese Webseite wurde mit dem oli.lu School Web Manager erstellt.
Möchtest du deine eigene kostenlose Schulwebseite erstellen? Fang jetzt an!
Agenda
spacer