logo

LASEP

Horaire 2016/2017

A : Cycle (précoce)-Cycle 1

Dënschdes vun 14-15 Auer mam DanijelaZwank

B: Cycle 2-4

Dënschdes vun 15-16 Auer mam Danijela Zwank

Wat as LASEP?

Spill a Sport, dës zwee Wierder resuméieren d'Zieler vun der LASEP, sou wéi se 1964 vun de Grënner geduecht waren.

- d'Spill, als Sport oder als einfacht Spill, virun allem en Amusement, eng Kompensatioun, eng Evasioun oder eng Méiglechkeet, eng ze grouss Energie nëtzlech unzebrén gen, eng Satisfaktioun vu verstoppten Instinkter, eng Selbstbestätigung mat kreati vem Charakter;

- "Spill a Sport" droen zu enger harmonescher Entwécklung vum Kand bäi, a wa se vun der LASEP an déi richteg Bunne geleet gin, si se am Erzéiungsprozess onbedéngt néideg. Dat besonnesch an eiser lëtzebuerger Schoul, an däer duerch eis Sproochesituatioun nët ëmmer genuch Zäit fir Bewegung bleiwt, a wou duerch eng massiv Offer vun de Medien d'Kanner méi zur Passivitéit an der Fräizäit verleet gin.

D’LASEP organiséiert regelméisseg lokal Traininger an der Schoul. D’LASEP huet awer och e grousse Kalenner mat ville Sportsfester an dene verschiddene Sport- disziplinnen a fir all Alter. Hei begéine sech Kanner aus dem Land.

D'LASEP Garnech haat d'lescht Joer ëm di 70 Kanner déi reegelméisseg un de LASEP Coursen deelgeholl hun an och u verschiddenen Aktivitéiten, wéi z. Bsp. dem Meedechersfussballchampionnat, dem Cross zu Dikkrech, Freed mat Liichathletik an der Coque  asw.

Umeldung a Kontakt: laurence.diederich@education.lu

Umeldungsziedel
You chose not to trust cookies on this website, which means that some features may not be available or operational. If you'd like to enable cookies for this site, then go to the Cookie Policy tab in the lower left corner of the screen and press the yellow "accept cookies" button. Thank you.
©2019 Ecole fondamentale de Garnich • Terms of usePrivacy policyContact
Diese Webseite wurde mit dem oli.lu School Web Manager erstellt.
Möchtest du deine eigene kostenlose Schulwebseite erstellen? Fang jetzt an!
Agenda
spacer