logo

Aktivitéiten

Fréijoersbotz

Freides virun der Ouschtervakanz huet de Cycle 4 sech un der fréijoersbotz bedeelegt. Vill Dreck gouff fonnt an agesammelt. eis Kanner hu keng Méi gescheit fir och grouss Saachen anzesammlen.

Weider Fotoen fannt Dir um Site vun der Gemeng. Hei klicken.

D'Woch vun de Suen

D'Woch vun de Suen

Am Kader vun der "Woch vun de Suen" war eise Cycle 4.1. op besuch an der Zentralbank.

Intresséiert? Da klickt op d'Dokument a gidd méi iwwert hiere Besuch gewuer.

Feierläscher-Formatioun bei de Koler Pomjeeën

D'Léierpersonal vu Garnich hat eng Feierläscher-Formatioun bei de Koler Pompjeeën.

An enger flotter Ambiance si mir den Ëmgang mam Feierläscher geléiert ginn an hunn och vill Informatiounen iwwert déi verschidden Brandherder an déi dementspreichend Feierläscher-Modeller erklärt kruet. E ganz léierräische Moien bei de Pompjeeën zu Koler.

Mir soen hinnen nach eng Kéier Merci, dass si sech zwee Samsdegmoienter Zäit fir eis geholl hunn fir eis a klenge Gruppen ze forméieren!

D'Klass 3.1 um Tour (1. Mäerz 2016)

Haut, den 1. Mäerz 2016, ware mir op e Workshop am Kader vum Filmfestival. Am gehëtzten Zelt bei der Gëlle Fra hu mir geléiert an ausprobéiert, wéi een e Film op lëtzebuergesch synchroniséiert. Dëst war eng léierräich Seance, wou Kanner sech theatralesch vun hirer beschter Säit gewisen hunn.
Dat ganzt war ënnert der Leedung vum Jang Linster & Christophe Strotz

Intresséiert? Da kuckt Iech d'Fotosgalerie hei drënner un.

Beim Jang Linster

You chose not to trust cookies on this website, which means that some features may not be available or operational. If you'd like to enable cookies for this site, then go to the Cookie Policy tab in the lower left corner of the screen and press the yellow "accept cookies" button. Thank you.
©2019 Ecole fondamentale de Garnich • Terms of usePrivacy policyContact
Diese Webseite wurde mit dem oli.lu School Web Manager erstellt.
Möchtest du deine eigene kostenlose Schulwebseite erstellen? Fang jetzt an!
spacer